Episodios

  • Folge 24 - Entspaanungs Übung
    Jul 16 2024
    An dëser Folg geet et mol eng Kéier net em eng Substanz oder e Verhale vun deem een ofhängeg kéint ginn. De Luc erkläert dofir awer, dass Suchtpreventioun ganz vill mat Wuelbefannen ze dinn huet.

    Dofir proposéiert hien eng kuerz Entspaanungsübung an invitéiert d’Jessy an d’Zuhörer op eng Rees an der Virstellung. Looss dech drop an a besich zesumme mam Luc eng Plaz wous du dech wuel a gebuerge fills!
    Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo:

    Tel: 49 77 77 -55

    Mail: frono@cnapa.lu

    Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu
    Más Menos
    6 m
  • Folge 23 - Smartphone
    Jul 9 2024
    Wosst dir dat den éischten Handy 1983 op de Marché komm ass a schonn 2007 den éischte Smartphone, de I-phone vun Apple. Wat eng rasant Entwécklung!

    De Smartphone huet souwuel positiv wéi och negativ Effekter, woubäi och d’Wuert „phubbing“ eng Roll spillt.Wëll dir wësse wat dee Begrëff bedeit a wéini et Zäit gëtt sech Gedanken iwwert den eege Konsum ze maachen? Dann lauschtert era bei d’Jessy an de Luc.
    Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo:

    Tel: 49 77 77 -55

    Mail: frono@cnapa.lu

    Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu
    Más Menos
    6 m
  • Folge 22 - Shopping Sucht
    Jul 2 2024
    Op Online-Shopping mat engem Klick oder an de Geschäfter, déi d‘Leit mat engem gudden Doft lackelen, d’Manipulatioun huet vill Facetten. Haaptsaach kafen, och wann et oft Saache sinn, déi ee guer net brauch. Eis haiteg Konsumgesellschaft gëtt haaptsächlech iwwert Medien duerch gezielte Reklammen (Annoncen, Influencer…) beaflosst.

    D’Jessy an de Luc ginn Tipps an Tricks fir „smart“ anzekafen a soen iech och wéini Zäit ass eng Paus ze maachen.
    Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo:

    Tel: 49 77 77 -55

    Mail: frono@cnapa.lu

    Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu
    Más Menos
    5 m
  • Folge 21 - Pornographie
    Jun 25 2024
    Wat ass den Ënnerscheed tëscht Sex a Lego a kann ee vu Pornoe süchteg ginn?

    D’Jessy an de Luc geheien e Bléck zréck an d’Geschicht vun der Pornographie an erkläre wat fir positiv an negativ Wierkungen a Niewewierkungen d’Pornographie kann hunn. Ënner anerem geet et dodrëms, dass d’Bild vun de Fraen a Männer, dem mënschleche Kierper an der Sexualitéit an de meeschte pornografeschen Duerstellunge verzerrt duergestallt ginn an zu falsche Virstellunge féiere kënnen.
    Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo:

    Tel: 49 77 77 -55

    Mail: frono@cnapa.lu

    Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu
    Más Menos
    8 m
  • Folge 20 - Bildschierm
    Jun 18 2024
    D’Bildschiermer sinn net méi aus onsem Alldag ewechzedenken. Mee kéint een eigentlech och vu Bildschiermer ofhängeg ginn?

    Obwuel di meescht Verhaalenssüchten nach net medezinesch unerkannt sinn, biergt een ze grousse Bildschiermkonsum scho sou munch Risiken a kann och zur Ofhängegkeet féieren.

    An fir dat et net sou wäit kënnt, ginn d’Jessie an de Luc och dës kéier erëm e puer wäertvoll Tipps fir ee gesonden Ëmgang mat Bildschiermer.
    Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo:

    Tel: 49 77 77 -55

    Mail: frono@cnapa.lu

    Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu
    Más Menos
    10 m
  • Folge 19 - Drug, set & setting
    Jun 11 2024
    D’Wierkung vun all eenzel Drogen hänkt vu ganz villen Faktoren of. Dat wier mol als alleréischt natierlech d’Droge selwer. Awer och spillt, ënnert anerem, de Gemittszoustand vun der Persoun eng grouss Roll. A mam Setting ass d‘Ëmfeld gemengt. Mee wat huet d‘Ëmfeld mat der Wierkung ze dinn?

    Dat an nach villes verroden iech d‘Jessie an de Luc an dësem Podcast.
    Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo:

    Tel: 49 77 77 -55

    Mail: frono@cnapa.lu

    Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu
    Más Menos
    6 m
  • Folge 18 - Bad Trip
    Jun 4 2024
    An dësem Podcast geet et natierlech net ëm schlecht Rees Erfarungen, mee vill méi wat een op Droge mol kéint erliewen. An dat ass net flott. Mee wie kann een sech virdru schützen a virun allem, wat kann ee maache wann een op sou engem Bad Trip ass?De Luc an d‘Jessie ginn iech och hei erëm e puer wäertvoll Tipps fir ee manner geféierlechen Ëmgang mat bewosstseinsverännerende Substanzen an och wat e ka maache wann de Bad Trip iwwert eng gewëssen Zäit unhält, och laangs nodeem d’Wierkung vun der Droge schonn eriwwer ass.
    Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo:

    Tel: 49 77 77 -55

    Mail: frono@cnapa.lu

    Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu
    Más Menos
    5 m
  • Folge 17 - Wat maache bei engem Noutfall?
    May 28 2024
    Bei all Drogekonsum, sief et vun Alkohol oder aneren Drogen, kann et mol zu enger Iwwerdoséierung kommen.An dësem Podcast erläuteren d’Jessie an de Luc wei et zu sou enger Iwwerdosis ka kommen a wourun een dat kann erkennen.Hei kritt een Tipps wat een onbedéngt an sou enger Situatioun soll maachen, respektiv, net maachen.