Episodios

  • Episode 27 - Verbuede Musik an Emancipatioun
    Jul 9 2024
    An dëser 27. Episode vun "Iwwer Gott an d'Welt" schwätzen de Lex an de Bob driwwer wéi reliéis a politesch Instanze probéiert hu fir gewëss Zorte Musik ze verbidden oder zum Boykott vu gewësse Musiker opgeruff hunn, a wéi Musik schonn ëmmer ee Mëttel vun der Emanzipatioun wor.

    Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.

    Más Menos
    59 m
  • Episode 26 - Humanistesch Zeremonien zu Lëtzebuerg
    Jun 11 2024
    An dëser 26. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mat 3 humanisteschen Zeremonienmeeschter, dem Mayalani Moes, dem Artemis_ia an dem Alexandre Hornbeck. Si schwätzen driwwer wéisou si humanistesch Zeremonien ubidden, wei si dat maachen a wat hinnen dat bedeit. Wann dir Kontakt wëllt ophuelen zu engem Zeremonienmeeschter da kuckt ran op www.aha.lu a klick op Zeremonienmeister.

    Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.

    Más Menos
    59 m
  • Episode 25 - En Hommage un den Dan Dennett
    May 14 2024
    An dëser 25. Episode vun "Iwwer Gott an d'Welt" ënnerhale de Lex an de Bob sech iwwer de kierzlech verstuerwene Philosoph a Kognitiounswëssenschaftler Daniel C. Dennett, säi Wierk als Denker a säi Wierken als atheisteschen Aktivist. Hien wor effektiv bekannt als ee vun de prominentste Vertrieder vun enger Beweegung déi oft "New Atheism" genannt gouf. Hien huet déif Spueren hannerlooss.

    Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.

    Más Menos
    1 h
  • Episode 24 - Advocating for humanist values at EU level
    Apr 9 2024
    An dëser 24. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” berichte mer iwwer den Asaz fir humanistesch Wäerter um EU Niveau. Fir d'éischt schwätzt de Bob mam Tania Giacomuzzi Mota, Advocacy Officer bei Humanists International, iwwer seng Aarbecht "zu Bréissel" an iwwer eng rezent Initiative déi am Kader vum European Policy Forum vum Tania koordinéiert gëtt, dem Humanist Pledge (https://humanists.international/pt/what-we-do/advocacy/humanist-pledge/). Am zweeten Deel lauschtere mer ran an eng Pressekonferenz vun EUMANS iwwer eng Petitioun beim EU Parlament zum Recht op Euthanasie (https://www.eumans.eu/online-press-conference-28-end-life-ngos-launch-petition-european-parliament-voluntary-assisted), déi AHA Lëtzebuerg mat initiéiert huet.

    Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.

    Más Menos
    1 h
  • Episode 23 - The right to say no to (imposed) religious education
    Mar 12 2024
    An dëser 23. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mat 2 Gäscht iwwer d'Thema Reliounsunterrecht an der Schoul. Fir d'éischt schwätze si mam Panayote Dimitras aus Griichenland iwwer d'Situatioun a sengem Land a wat hien, mat aneren, ënnerhëlt fir d'Rechter vun Eltere besser ze schütze wa si hier Kanner net um Reliounsunterrecht wëllen deelhuele loossen. Am zweeten Deel schwätzen si mam Gilles Retter iwwer d'Situatioun zu Lëtzebuerg a wéi mir zu där international dach eenzegaarteger Situatioun vum "Vie et Société" Kuer komm sinn.

    Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.

    Más Menos
    1 h
  • Episode 22 - Feminismus
    Feb 13 2024
    An dëser 22. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mam Jessica Lopes vun der ASTI. Si schwätzen iwwer Feminismus, de Kampf fir d'Rechter vu Fraen, d'Fuerderungen no sozialer Gerechtegkeet an d'Virurteeler géint déi feministesch Aktivist*innen ze kämpfen hunn. https://fraestreik.lu/marche2023/

    Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.

    Más Menos
    1 h
  • Episode 21 - Kënschtlesch Intelligenz
    Jan 9 2024
    An dëser 21. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mam Dr Serge Linkels, Informatiker. Si schwätzen iwwer KI, Kënschtlech Intelligenz, wat dat ass, wéi et funktionnéiert a wéi eng nei Chancen sech duerch dës Technologie erginn awer och wei eng Geforen dovunner ausginn.

    Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.

    Más Menos
    1 h
  • Episode 20 - Wéi erliewen Humanisten, Atheisten an Agnostiker Chrëschtdag?
    Dec 12 2023
    An dëser 20. Episode vun "Iwwer Gott an d'Welt" ënnerhalen de Lex an de Bob sech iwwer ee Buch wat si zwee gelies hunn a wat ganz gutt an d’Saison passt: "The Atheist’s Guide to Christmas”. Si verziele wéi si déi eenzel Kapitel vum Buch erlieft hunn.

    Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.

    Más Menos
    1 h