Episodios

  • Episod 91 - D'Geiselnam vu Cheshire
    Sep 8 2024
    Den 22. Juli 2007 ass fir d'Famill Petit ee Sonndeg wéi all aneren och, si ginn hirer Traditioun no, dass eent vun de Kanner fir d'Famill kacht. Dobäi wëssen se net, dass d'Gefor direkt virun hirer Dier lauert. Zwee Abriecher waarden nëmmen drop, dass d'Famill schlofe geet, fir dass si an d'Haus kënnen. Wéi et dann sou wäit ass, eskaléiert alles an aus dem Abroch gëtt en Iwwerfall an aus dem Iwwerfall gëtt eng Geiselnam mat grausame Qualen. Wat do alles geschitt an och schif gelaf ass, gëtt een an dëser Episod gewuer.
    Más Menos
    34 m
  • Episod 90 - Besiess vum Christina Grimmie
    Aug 11 2024
    D'Christina Grimmie ass fir deen een oder aneren e Begrëff, hatt war eng jonk talentéiert Sängerin aus deen USA, dat 2014 duerch The Voice an den USA bekannt ginn ass. De 27 järege Kevin James Loibl, e scheien Typ, deen sech éischter zeréckgezunn huet, huet 2015 ugefaangen absolut besiess vum Grimmie ze sinn. Dat geet esou wäit, dass hien 2016 no engem Concert d'Christina fir d'éischt erschéisst an dono sech selwer d'Liewen hëlt. Alles iwwert dee Fall gëtt et an dëser Episod.
    Más Menos
    47 m
  • Episod 89 - De Fall Brianna Denison
    Jul 28 2024
    Am Januar 2008 verschwënnt d'Brianna an der Nuecht aus der Studentewunneng vun zwou Frëndinnen. Schnell ass kloer dass d'Meedchen net fräiwëlleg verschwonnen ass. Kuerz Zäit drop fënnt een dem Brianna seng Läich. Wien huet hat entfouert an ermort a firwat?
    Más Menos
    36 m
  • Episod 88 - Geféierlechste Seeriemäerder?
    Jun 30 2024
    An den 1980er Jore fänkt de Charles Cullen säi Job als Infirmier un, wat opfält iwwerall, wou hie schafft, stierwe Patienten, dëst geet Jore laang esou a verschiddenen Spideeler, an deenen hie schafft. Iwwer 40 Morde soll de Cullen begoen, éier hie gefaasst gëtt. Wéi et souwäit konnt kommen a wat alles virgefall ass gitt dir an dëser Episod gewuer.
    Más Menos
    30 m
  • Episod 87 - Krankhaft Obsessioun um Danielle Jones
    Jun 16 2024
    Den 1. Juni 2001 verschwent d'Danielle Sarah Jones moies um Wee fir an d'Schoul. Zeie gesinn nach wéi hat mat engem Mann an engem bloe Van streit, mee vun deem Punkt u ass d'Danielle ni méi gesi ginn. Ee bestëmmte Mann mat enger krankhafter Obsessioun fir d'Danielle sollt fir alles verantwortlech sinn. Wien dat ass, wat geschitt ass an all weider Informatioune gitt dir an dëser Episod gewuer.
    Más Menos
    30 m
  • folge #86 - De Fall Hannah Graham
    Jun 2 2024
    2014 gëtt dat 18-järegt Hannah Graham no enger Party vermësst. Seng lescht Noricht un seng Kolleege war, dass et sech verlaf hätt. Kuerz Zäit drop ginn Hiweiser zum Hannah sengem Verbleiwe fonnt an och schnell dann dem Hannah seng stierflech Iwwerreschter. Mee och en Täter ka schnell fonnt ginn. Hei kënnt dann dat schlëmmst un d'Luucht: et handelt sech ëm e Serientäter. Vill ongekläerte Fäll kenne lo ofgeschloss ginn. Wien et war a wat geschitt ass gitt dir an dëser Episod gewuer.
    Más Menos
    27 m
  • Episod 85 - D'Entféierungvum Maria Börgerl
    May 19 2024
    Am Mee 2010 gëtt d'Maria Börgerl, d'Fra vum Virstands-Virsëtzende vun enger Spuerkeess, aus hirem eegenen Haus entfouert. Et kennt och en Uruff mat enger Léisegeld- Fuerderung. Mee hei soll et schif lafen, wat dem Maria säin Doud zur Follge huet. Wat genau geschitt ass an ob d'Täter gefaasst goufen, gitt dir an dëser Episod gewuer.
    Más Menos
    37 m
  • Episod 84 - De Fall Aileen Wuornos
    May 5 2024
    D'Aileen Wuornos huet eng immens traumatesch Kandheet a Jugend duerchlieft a wat esou eppes mat engem Mënsch ka maache wéisst dëse Fall ganz gutt. Well d'Aileen gëtt zu enger Seeriemäerderin. Mee wat ass alles geschitt, fir dass et esou wäit konnt kommen a wéi ass alles ofgelaf? Dat alles gitt dir an dëser Episod gewuer.
    Más Menos
    1 h y 12 m