Episodios

  • Episod 26: Carole Lorang X Ariston
    Jun 28 2024

    Kontaktéiert eis

    No eiser Visitt vum U4 zu Uckange si mer fir eisem Episod vum Juni nees am Minett a maache Statioun zu Esch. Fir genee ze sinn, hu mer dës Kéier am Quartier Brill Plaz geholl fir eis op en Neits mat engem interessante Gaascht z’ënnerhalen.

    Am Fokus vun dësem Episod mat der Direktesch vum Escher Theater, dem Carole Lorang, stinn den Theater, d’Erausfuerderungen all Joers e Programm opzestellen, deen déi villfälteg Populatioun vum Minett an der franséischer Grenzregioun unzitt an d’Reprise vum Stéck „Leurs enfants après eux“. Dëst Wierk, dat d’Carole Lorang am Kader vun Esch2022 realiséiert hat, gëtt haut a muer nach eng Kéier opgefouert. Domat schléisst den Escher Theater dann och seng aktuell Saison of.

    Eis „Minett-Location“ vum Mount: Den Ariston zu Esch

    An de fréien 1960er Joren ass de Ciné Ariston am Quartier Brill opgaangen. E läit an direkter Noperschaft vun der Schoul an der Eglise Sacré-Coeur, déi als Art Déco Gebailechkeet ënner Denkmalschutz steet.

    Tëscht 1962 an 1986, an dunn nach eng Kéier vun 1991 bis 2016 ass den Ariston als Kino benotzt ginn. No senger definitiver Fermeture als Kino an nodeems och d’Gebai vum Ariston als nationaalt Monument klasséiert gouf, huet d’Stad Esch den Ariston kaf. Tëscht 2020 an 2022 ass d’Gebai renovéiert an de Kinossall an en Theatersall ëmgebaut ginn. Den Ariston ass haut en Deel vum Escher Theater, wou dëse seng Kannerprogrammatioun an eegen Inzenéierungen opféiert.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://bit.ly/mmu_season2

    Followed eis op Instagram

    Más Menos
    49 m
  • Episod 25: Jean Larché X Parc du Haut Fourneau U4 à Uckange
    May 31 2024

    Kontaktéiert eis

    No Ausflich an d’Saarland an och an d’Gaume si mer dëse Mount an der Lorraine.

    Den Haaptgrond ass d‘Reprise vum Theaterstéck „Leurs enfants après eux“, den nächste Mount am Escher Theater, en Theaterstéck, wat um Roman mam selwechten Numm vum franséischen Auteur Nicolas Mathieu baséiert. Et ass eng éischte Kéier am Kader vun Esch2022 opgefouert ginn a spillt am Norde vun der Lorraine zum Zäitpunkt vun de Fermeturen vun de Stolwierker an de fréien 1990er.

    Uckange, um Enn vun der „Vallée de la Fensch“ an direkt un der Musel geleeën, tëscht Diddenuewen a Metz, war laang Joren ee vun de Standuerter vun der loutrengescher Eiseproduktioun. 1991 ass d’Schmelz zu Uckange, no laangen ekonomesche Schwieregkeeten awer zougemaach ginn. Quasi direkt duerno ass ugefaange ginn déi al Schmelz ofzerappen. Eng ganz Rei Gebaier sinn esou Affer vum Bagger ginn, éier sech d‘Associatioun „Mécilor“ gegrënnt huet, déi sech aktiv fir den Erhalt vum Site agesat huet an d’Demolitiounsaarbechte stoppe konnt.

    Mam Héichuewe 4, dem U4, konnt esou ee vun den am ganze sechs Héichiewe vun der Schmelz gerett ginn.

    Eise Gaascht: Jean Larché

    De Jean Larché ass e pensionéierte Schmelzaarbechter, dee wuel ni zu Uckange selwer, duerfir awer e Beruffsliewe laang an der Schmelz vun Hayange geschafft huet. Vum Léierbouf bis zum Kader huet hien do eng komplett Carrière gemaach, déi vun Héichten an Déifte gezeechent war, op déi hien awer, zesumme mat eis, houfreg zeréckgekuckt huet.

    No sengem Aarbechtsliewen huet hien ugefaange sech fir d’Industriekultur staark ze maachen an haut ass hien de President vu Mécilor, déi sech ëm den Erhalt vum industriellen Ierwen am Norde vun der Lorraine këmmeren, Dokumenter vun an aus de Schmelze sammelen an digitaliséieren a mat hire Benevolle reegelméisseg Visiteuren iwwert de Site vum U4 zu Uckange féieren.

    Nieft dem Jean Larché hu mer eis an dësem Episod awer och nach kuerz mam Juliette Gehin iwwert de „Jardin de Transformation“ ënnerhalen. Hei gëtt, an engem Projet vun der Université de Lorraine, ënnersicht mat wéi enge Planzen de verknaschte Buedem vun enger Schmelz op eng natierlech Manéier sanéiert ka ginn. D’Juliette Gehin konnt eis e klengen Abléck an dësen – eventuell och fir de Minett – interessante wëssenschaftleche Pilotprojet ginn.

    All d'Linke zu de Sujeten aus dësem Episod fannt Dir hei.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://bit.ly/mmu_season2

    Followed eis op Instagram

    Más Menos
    47 m
  • Episod 24: Philippe Ernzer X 1535° Creative Hub
    Apr 25 2024

    Kontaktéiert eis

    Wéi aus enger Leidenschaft e Beruff ginn ass

    Och wa mer am Minett Mash-Up thematesch dëst Joer virun allem a punkto Industriekultur ënnerwee sinn, esou spillt déi am aktuellen Episod éischter méi eng kleng Roll. No zwou Episoden an Däitschland an der Belsch si mer dës Kéier awer nees zeréck am Minett, wou mer Statioun zu Déifferdeng maachen.

    Zënter kuerzem huet den éischte private Wiederdéngscht aus dem Land seng Zentral am 1535°, dem Creative Hub vun der Stad Déifferdeng.

    Eis „Minett-Location“ vum Mount : 1535° - Creative Hub

    De 1535° ass haut eng Kreativfabrik an där jonk Kënschtler a jonk Entreprisen ënnerkomme kënnen, déi fir de Start an hir professionnel Carrière Raimlechkeete brauchen. Nieft de konventionelle Büroe sinn hei awer Proufsäll fir Bands an en Tounstudio, esou wéi eng Hal an där ee Videoproduktioune realiséiere kann ze fannen.

    Eise Gaascht: Philippe Ernzer

    De Philippe Ernzer, Joergang 1998, ass de Grënner vum private Lëtzebuergesche Wiederdéngscht „Météo Boulaide“. Schonn als Kand wousst de Philippe sech fir d’Wieder an d’Meteorologie ze begeeschteren an no sengem schoulesche Parcours konzentréiert hie sech voll a ganz op den Opbau vu senger eegener Societéit a sengem eegene Wiederdéngscht.

    Wat als Hobby ugefaangen huet, huet de Philippe am Laf vun de Joren zu enger bekannter Perséinlechkeet an de sozialen Netzwierker an duerno och an de Lëtzebuerger Medie gemaach. Haut presentéiert hien eng reegelméisseg Chronik um Radio 100,7 a liwwert der Dageszeitung Tageblatt deeglech Wiederprevisiounen.

    Wéi de Philippe aus sengem Hobby säi Beruff gemaach huet ass ee Sujet vum Minett Mash-Up vun dësem Mount. Wéi eng Schwieregkeeten et dobäi gouf, wéi eng Ziler de jonken Entrepreneur fir d’Zukunft huet a wéi eng Wollek de Philippe gäre wier, wann hien eng Wollek kéint sinn, da sinn aner Sujeten am aktuellen Episod.

    Méi Infos hei!

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://bit.ly/mmu_season2

    Followed eis op Instagram

    Más Menos
    55 m
  • Episod 23: Rudolf Noben X 4MH
    Mar 29 2024

    Kontaktéiert eis

    Vu Sammler, Schmuggler a Stongen

    Thematesche Schwéierpunkt an dësem Joer ass d’Industriekultur an duerfir reese mir net just duerch de Minett, mä och duerch déi no Grenzregioun. Dëse Mount si mir an d’Belsch gefuer a mam éischte Minett Mash-Up Episod op Franséisch feiere mer an dësem Mount eng wieder Première.

    Ee klengen Hiwwel, direkt un der franséischer Grenz, hannert Mont St. Martin a Gorcy, gehéiert nämlech zum grousse Minettsbaseng an deem virun iwwer 150 Milliounen Eisenäerz ofgelagert gouf an dee sech jo an de Süde vu Lëtzebuerg erstreckt a vun deem eist Land no 1870 profitéiert hat fir sech z’industrialiséieren. Dat ass awer och am Süde vun der Province de Luxembourg geschitt.

    An der Gemeng Musson gouf et, bis an d‘1970er Joren, zwou Minnen an deene Minett ofgebaut ginn ass. Un dësen Deel vun der belscher Industriegesicht erënnert haut e Musée, deen am Abrëll 2023 seng Diren opgemaach huet.

    Eis Minett-Location vum Mount :
    Musée Minier et Métallurgique de Musson/Halazany

    Dëse Musée, mat enger Surface vu ronn 1000 Quadratmeter presentéiert eng grouss Sammlung vu Géigestänn, déi fréier vun de Mineuren an de ronn 60 Kilometer Galerien un der belsch-franséischer Grenz benotzt goufen.

    D’Kollektioun vum Musée ass komplett a bitt dem Visiteur en detailléierten Abléck an d’Liewe vun de Mineuren.

    Eise Gaascht: Rudolf Noben

    De Rudolf Noben ass de Präsident vun der Asbl hannert dem 4MH. Et war, wéi hien eis am Gespréich verréit, d'Sammelleidenschaft vu sengem Papp a seng eegen, déi ugefaangen huet, wou hie selwer nach e Bouf war, déi et erméiglecht hunn de Musée opzebauen.

    An dësem Episod vum Podcast geet et ëm de Rudolf, deen u sech Kach ass, seng Kandheet an direkter Noperschaft vun de Minnen un der belsch-franséischer Grenz an ëm d'Schwieregkeeten, déi eng Asbl wéi de Minnemusée vu Musson am deegleche Fonctionnement huet.

    Hei fannt Dir all d'Links bei d’Sujete vun dësem Episod.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://bit.ly/mmu_season2

    Followed eis op Instagram

    Más Menos
    40 m
  • Episod 22: Peter Backes & Jörg Pütz X UNESCO Weltkulturerbe Völklinger Hütte
    Feb 23 2024

    Kontaktéiert eis

    Sprooch vun der Episod: Däitsch / Deutschsprachige Episode

    Dëst Joer steet fir eis ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser Regioun. D’Minett, als Eisenäerz, war awer net just am Süde vu Lëtzebuerg ze fannen, mä verbënnt eis Géigend bis haut mat e puer Dierfer an der Belsch, mat der Lorraine an och mam Saarland. Op der Sich no der Äntwert op d’Fro, wat d’Saarland da mat der Minett um Hutt huet, ass den aktuellen Episod vum Minett Mash-Up zu Völklingen opgeholl ginn.

    Eis „Minett-Location“ vum Mount: UNESCO Weltkulturerbe Völklinger Hütte

    1986 huet d’Schmelz zu Völklingen, no iwwer 100 Joer Betrib, d’Héichiewen ausgeblosen. De Betrib, mat senge 6 éischter klengen Héichiewen, war einfach net méi rentabel. Vun Ufank u sollt dëse Site awer als Denkmal fir déi industriell Entwécklung vum Saarland erhale ginn.

    Nëmmen 8 Joer huet et gedauert fir och d’UNESCO vun der Iddi z’iwwerzeegen dës Schmelz, déi bis haut komplett, also mat all hire Bestanddeeler, erhalen ass, op d’Lëscht vum Weltkulturierwen ze setzen. D’Völklinger Hütte war virun 30 Joer déi éischt Industrieanlag, déi vun der UNESCO ënner Schutz gestallt gouf. Zënter hir ass vill zu Völklingen geschitt an déi fréier Schmelz ass zu enger renomméierter Plaz fir grouss Ausstellunge ginn, mä och d’Schmelz selwer, mat hiren diverse Produktiounsschrëtt ass fir de Public zougänglech an der Wäert eng Kéier besicht ze ginn.

    Eis Gäscht: Peter Backes & Jörg Pütz

    De Peter Backes begleet de Site vun der Völklinger Hütte zënter 1986, wou hien nach am Kulturministère vum Saarland geschafft huet. Relativ séier ass hien an d’Bedreiwergesellschaft vum Weltkulturerbe gewiesselt, wou hie fir de Besuchermanagement zoustänneg war.

    Zënter 2019 ass de Peter Backes an der Pensioun. Hien ass awer nach ëmmer Guide op der Völklinger Hütte an engagéierte Member am Netzwierk ERIH 'European Route of Industrial Heritage', iwwert dat an dësem Episod vum Podcast och riets geet.

    De Jörg Pütz ass e gebiertege Völklinger a mat senger „Schmelz“ opgewuess. Zënter iwwer 30 Joer ass hien als Fotograf ënnerwee. De Jörg verzielt an dësem Episod vum Podcast iwwert seng Kandheet a Jugend mat der Schmelz, iwwert säi Beruff als Fotograf a verréit eis seng Connectioun zum Bauhaus.

    Nach méi Informatiounen a méi Links sinn hei disponibel.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://bit.ly/mmu_season2

    Followed eis op Instagram

    Más Menos
    54 m
  • Episod 21: Robyn Wehles X Minett Park Fond-de-Gras
    Jan 26 2024

    Kontaktéiert eis

    Lieweg Industriegeschicht matten an der Natur

    D’Joer 2024 wäert bei eisem Podcast ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser (Grouss-)Regioun stoen. Mir ginn op d’Sich no Sitten a Gebaier, déi direkt mat der Eisenäerz- a Stolindustrie zesummenhänken, probéiere Gäscht ze fannen, déi aktiv an dëser Industrie geschafft hunn oder sech mat Häerz a Séil an hirem Alldag fir den Erhalt vun deem Patrimoine asetzen, dee charakteristesch fir eis Regioun ass.

    Dir sidd natierlech och an dësem Joer nees op dat häerzlechst invitéiert eis Rees duerch de Süde vu Lëtzebuerg ze begleeden. Op déi Manéier kënnt Dir eventuell nei Plazen entdecken oder Detailer iwwert dës Plaze gewuer ginn, déi Dir esou nach net kannt hutt.

    Mam Choix vun eise Gäscht hoffe mir Iech, doriwwer eraus, och e puer eenzegaarteg Perséinlechkeeten aus dem Lëtzebuerger Süden an der Grenzregioun méi no ze bréngen, déi sech all op hir Manéier fir d’Industriekultur, mä och fir d’Zesummeliewen an den Erhalt vun eisen aussergewéinleche Landschaften asetzen.

    Eis Minett Location vum Mount: De Minett Park Fond-de-Gras

    Fir de Januar-Episod vum “Minett Mash-Up” huele mer Iech mat an e klengt Dall, wat net wäit vum Dräilännereck Lëtzebuerg-Frankräich-Belsch un der Grenz tëscht de Gemengen Déifferdeng a Péiteng läit. Et geet an de Fond-de-Gras.

    Bal honnert Joer laang war dës Plaz am Südweste vu Lëtzebuerg ee vun den Zentre vum Minett-Ofbau mat enger ganzer Rei verschiddene Societéiten, déi hei Konzessiounen haten an d’Eisenäerz aus dem Bierg geholl hunn. 1955 mécht déi lescht Galerie am Fond-de-Gras zou.

    Haut ass de Fond-de-Gras, zesumme mam Dierfche Lasauvage, de Minett Park, en Open-Air-Musée an deem méi ewéi d’Erënnerung un eis Mineuren a Galerien um Liewe gehale gëtt. Mam Train1900 an der Minièresbunn Doihl sinn direkt zwee Eisebunnsveräiner am Dall doheem, déi historescht Material restauréieren an engem breede Publikum zougänglech maachen.

    Donieft gehéieren awer och den Tëtelbierg, eng vun de wichtegste keltesche Stied a pre-réimescher Zäit an de Giele Botter, e fréiert Dagebaugebitt, wat haut zu de Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere gehéiert zum Minett Park.

    Eise Gaascht: Robyn Wehles

    Zënter engem gudde Joer ass d‘Robyn Wehles, wat 2014 am Kader vu sengem Studium en éischte Stage am Fond-de-Gras gemaach hat an zënter 2016 zur Ekipp vum Minett Park gehéiert huet, elo Directrice vun dëser aussergewéinlecher Plaz.

    Mam Robyn beliichte mer, an der Wanterpaus vum Minett Park, dee seng Aktivitéite fir de Public vum 1. Mee bis Enn September organiséiert, d’Vergaangenheet, d’Géigewaart an d’Zukunft vum Minett Park. Mir gi gewuer firwat d’Robyn am déiwe Minett gelant ass. Mir kréien éischt Detailer an de Programm vun der Saison 2024 an dir gitt gewuer, wéi d’Robyn et fäerdeg bréngt seng Aarbecht a säi Privatliewe mateneen ze kombinéieren.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://bit.ly/mmu_season2

    Followed eis op Instagram

    Más Menos
    40 m
  • Episod 20: Best of 2023 & Industriekultur-CNCI
    Dec 29 2023

    Kontaktéiert eis

    Fir den Ofschloss vum Joer kucke mer zeréck op eis Highlighte vum Joer a proposéieren Iech e puer kuerz Extraiten aus där enger oder anerer Episod vum Minetter Wanderpodcast. Mär kucken awer och no vir op 2024, wou déi nei Ekipp vum IK-CNCI, déi Där an dësem Episod vum Minett Mash-Up komplett kenneléiert, eis am Roulement duerch dat industriellt Ierwe vum Minett an der Groussregioun wäert féieren.

    Eis Gäscht: D’Ekipp vum Ik-CNCI

    Nodeems d’Laurie am Fréijoer op London geplënnert ass an d’Jenny am Summer en neie beruffleche Challenge ugefaangen huet, huet d’Ekipp vum IK-CNCI am Laf vun dësem Joer komplett changéiert. Se ass och gewuess. Ewell schaffe 5 Persoune fir de Centre National de la Culture Industrielle.

    An der zweeter Hallschent vum Episod kënnt Dir d’Anna, d’Delphine, d’Loréna, d’Maria an de Pascal kenneléieren an nieft den neie Mataarbechter/inne vum IK-CNCI war awer och d’Jenny op Besuch. Mam Jenny hu mer virun allem op 2023 zeréck gekuckt. D'Laurie konnt leider net vu London erofkommen, fir bei eisem Réckbléck op d'Joer 2023 dobäi ze sinn.



    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://bit.ly/mmu_season2

    Followed eis op Instagram

    Más Menos
    50 m
  • Episod 19: Mirka Costanzi X Naturschutzzenter Ellergronn
    Nov 24 2023

    Kontaktéiert eis

    Legenden, Theater, Pedagogik a Mermaids

    Dës Kéier wollte mer eisen Episod eigentlech an der Kabaischen „Pump It Up“, déi um Territoire vun der Stad Esch fir de Minett Trail opgeriicht gouf, ophuelen. Well d’Kabaischen am Moment awer Ament net zougänglech ass, hu mer eis Opnam kuerzfristeg misse réckelen. Dofir hu mir eise Gaascht einfach an der permanenter Ausstellung "Transition Now" am Naturschutzzenter Ellergronn begréisst. D’Expo ass just e puer Meter ewech vun der Kabaischen an de Raimlechkeete vun der fréierer Minn Cockerill ënnerbruecht.

    An dësem Episod vun eisem Wanderpodcast léiere mir d'Mirka Costanzi kennen. D'Mirka war de kreative Kapp hannert dem Esch2022-Projet "De roude Fuedem duerch de roude Buedem", deen a 6 vun den 11 Gemengen aus der Minett UNESCO Biosphere organiséiert gouf an och nom Enn vum Kulturjoer weider Bestand huet.

    Eise Gaascht: Mirka Costanzi

    D'Mirka Costanzi ass studéiert Theaterpedagogin a schafft am Centre culturel "Rotondes". Si ass och am Kënschtlerkollektiv "Maskénada" engagéiert, mat deem si regelméisseg kulturell Evenementer op aussergewéinleche Plazen organiséiert. Maskénada war och un der Ëmsetzung vum Mirka senger Iddi fir de Projet "De roude Fuedem duerch de roude Buedem" bedeelegt, an deem d'Mirka ale Seechen a Legende vu staarke Fraen aus eiser Regioun en neit a digitaalt Liewe geschenkt huet.

    Dës Legende waren natierlech en Thema an eisem Gespréich. Mir hunn awer och mam Mirka iwwer seng italienesch Wuerzele geschwat. Boulderen, Yoga a Mermaiding waren aner Gespréichsthemen, sou wéi Zolwer, d'Uertschaft an där d'Mirka doheem ass.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://bit.ly/mmu_season2

    Followed eis op Instagram

    Más Menos
    52 m