• Sech kenneléieren (B1)

  • Sep 18 2024
  • Duración: 6 m
  • Podcast

  • Resumen

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    ---

    Transkript:

    Sally: Daniela, kann ech dir eng Fro stellen?
    Daniela: Jo, natierlech.

    Sally: Okay... Also Daniela: Wou bass du gebuer wgl.?

    Daniela: Ech sinn a Rumänien zu Bucharest gebuer. Ech hunn awer och direkt eng Fro fir dech, Sally: Wéini bass du gebuer?

    Sally: Ech sinn den 18. September 1986 gebuer.

    Daniela: Dann hues du jo haut Gebuertsdag! Alles Guddes! Wat hues du dann den Owend geplangt?

    Sally: Den Owend ginn ech gemittlech eppes mat mengem Mann iessen. De Weekend hu mir e puer Frënn bei eis invitéiert. Ech hoffen et reent net. Da kéint ee vläicht nach eng Kéier grillen.

    Moderator: Soss, méchs du einfach déi éischt Raclette vun der Saison. Da schmaacht se nach extra gutt.

    Sally: Effektiv. Dat ass wierklech eng Iddi! Daniela, wat hues du dann de Weekend geplangt?

    Daniela: Ech hoffen och net, dass et ze vill reent. Da kann ech mat de Kanner op d'Spillplaz goen.

    Sally: A sou? Du hues Kanner. Wéi heeschen si dann a wéi al si si?

    Daniela: Mäi Meedchen heescht Valentina an hatt ass 3 Joer al, a mäi Jong heescht Adrian, hien huet 6 Joer. Du has virdru gesot, dass du mat dengem Mann iesse gees. Wéi laang sidd dir da scho bestuet?

    Sally: Mir hunn eis de 6. Juni 2016 bestuet, zënter 8 Joer also.

    Daniela: Hutt dir iech zu Lëtzebuerg bestuet?

    Sally: Nee, dunn hu mir nach net hei gewunnt. Mir sinn eréischt 2019 op Lëtzebuerg geplënnert.

    Daniela: A wéini hues du ugefaange Lëtzebuergesch ze léieren?

    Sally: Am Februar 2020 hunn ech mäin éischte Cours am INLL gemaach. Dat war net esou einfach, well am Mäerz 2020 all d'Coursen online waren, wéinst Covid. Dat war am Ufank alles net esou einfach.

    Daniela: Dann hat ech jo méi Chance. Ech léieren elo zënter zwee an engem hallwe Joer Lëtzebuergesch. Et ass awer och net esou einfach fir meng Famill, d'Aarbecht an d'Coursen ënnert een Hutt ze kréien. An da maachen ech och nach heiansdo gär Sport.

    Sally: Wat méchs du da fir ee Sport?

    Daniela: Ech gi gär an de Bësch lafen. Am Summer ginn ech och gär schwammen... Am Wanter maachen ech dat net esou gär. Dann as et mir ze kal. An dann hunn ech keng Loscht fir och nach an dat kaalt Waasser ze sprangen.

    Sally: Dat verstinn ech. Fiers du net gär Vëlo?

    Daniela: Dach, elo wou mäi Jong schonn e bësse méi al ass, kënne mir scho kleng Tier zesumme maachen. Dat mécht wierklech Spaass. An du Sally? Wat méchs du gär an denger Fräizäit.

    Sally: Ech sinn elo net méi esou sportlech. Ech hu léiwer méi e gemittleche Programm. Ech gi gär an de Kino, ech probéiere gär nei Restauranten aus, ech interesséiere mech och fir Konscht a gi reegelméisseg nei Expoe kucken. Heiansdo ginn ech och emol op e Concert. Dat maachen ech awer net esou oft. Als Kand hunn ech méi Sport gemaach. Ech hunn ëmmer gär Basket an Handball gespillt. Wéi ech 19 Joer hat, hunn ech mech awer relativ schlëmm um Knéi blesséiert an zënterdeemsinn ech gezwonge méi lues ze maachen.

    Daniela: Dat deet mir leed ze héieren! Wat bass du da vu Beruff?

    Sally: Ech sinn Affekotin a schaffen an enger Etude hei an der Stad.

    Daniela: Dann hues du bestëmmt genuch Stress.

    Sally: Jo, dat stëmmt. Et ass ni langweileg a mir hu wierklech vill Aarbecht. Ech freeë mech schonn op d'Pensioun!

    Daniela: Op d'Pensioun? Du hues dach nach keng 40 Joer a schwätz scho vun der Pensioun. Hues du da scho Pläng, wann s de fäerdeg bass mat schaffen?

    Sally: Jo. Mäi Mann an ech wëllen eis e klengt Haus an Italie kafen, mat engem schéine grousse Gaart. Do kënne mir eis et da gutt huelen a vum Liewe profitéieren an dat ouni Stress.

    Moderator: Dat kléngt no engem ganz flotte Plang! Et deet mir leed dir Dammen, dass ech iech hei ënnerbrieche muss. Mee ech gesinn, dass eis Emissioun gläich fäerdeg ass. Ech wënschen iech allenzwee nach ganz vill Gléck fir är Zukunft! Sally, dir proposéieren ech fir eventuell Lotto ze spillen. Vläicht gewënns du jo, an da kanns du scho ganz geschwënn en Haischen an Italie kafen.

    Sally: Jo, dat kéint ech emol probéieren.

    Más Menos

Lo que los oyentes dicen sobre Sech kenneléieren (B1)

Calificaciones medias de los clientes

Reseñas - Selecciona las pestañas a continuación para cambiar el origen de las reseñas.