intensiv primitiv  Por  arte de portada

intensiv primitiv

De: Max Heil Dani Cavalieri Eldoradio
  • Resumen

  • Hautdesdaags probéiert iergendwéi quasi jiddereen, sech no baussen esou perfekt a feelerfräi ewéi méiglech ze weisen. D’Gesellschaft erlaabt dacks keng Feeler, obwuel d’Perfektioun net vun dëser Welt ass. Eng Approche déi vill Leit dozou bréngt sech bewosst oder onbewosst ze verstellen an deemno och onglécklech ze sinn, well bannendran si mer dach alleguer primitiv. Déi eng méi, déi aner manner. A genau déi Primitivitéit loossen de Max an den Dani am Podcast eraus. Themen déi am Alldag fir Gespréich suergen, gräifen déi zwee op an thematiséieren déi op hir eegen Aart a Weis mat vill Witz a Gegecks. Déi zwee si Kapp an Aarsch, woubäi nach net kloer ass wien de Kapp ass. Dat bréngt mat sech, dass se vill zesummen erliewen, virun allem komesch an aussergewéinlech Situatiounen an déi se sech deemno och selwer era manövréieren. Alles dat erwaart iech am Podcast Intensiv Primitiv. All éischten Donneschden am Mount kënnt eng nei Episod eraus.
    Eldoradio
    Más Menos
activate_primeday_promo_in_buybox_DT
Episodios
  • Episod 21 – Déi kreativ Paus ass eriwwer
    Jun 16 2022
    De Max an den Dani hu sech e bësse Luxus gegënnt an eng kreativ Paus ageluecht. Ma mat der neier Episod ass déi dann elo och offiziell eriwwer. Allenzwee hunn se d’Zäit ee bësse genotzt fir sech selwer ze verwierklechen. Erauskomm ass dobäi selbstverständlech näischt. Ma an deene vergaangen Deeg ass allerdéngs relativ vill passéiert, wat déi Zwee dann an dëser Episod revu passéiere loossen an dat natierlech op déi gewinnten, lëschteg an net alt ze serieux Aart a Weis. Vill Spaass beim lauschteren.
    Más Menos
    33 m
  • Episod 20 - Am Gespréich mam Jil Devresse
    Apr 28 2022
    Vue, dass dëst Episod scho mëttlerweil déi zwanzegst ass, hunn de Max an den Dani ee ganz grousse Gaascht an de Podcast geholl an zwar soss keen anert wéi d’Jil Devresse. Eng lëtzebuergesch Schauspillerin déi der héchstwarscheinlech alleguerte kennt an zwar aus der éischter Staffel vu "Capitani". D'Jil huet do nämlech d’Roll vum Jenny Engel gespillt. Wéi et am Liewe vun der jonker Schauspillerin ausgesäit, wéi et zu deem Beruff komm ass a wat an Zukunft ze erwaarden ass gëtt et alles an dëser Episod.
    Más Menos
    46 m
  • Episod 19 - Op Besuch "Daniel's Kitchen Show" mam Evelyna
    Apr 21 2022
    Nodeems de Max an den Dani an der leschter Episod mam Evelyna Exclusiv iwwert d'Liewen als Eskort-Damm hei zu Lëtzebuerg geschwat hunn, huet d'Evelyna deenen zwee och gezielt, dass den Daniel aus der "Daniel's Kitchen Show", säi beschte Kolleeg ass. Natierlech hunn de Max an den Dani sech déi Geleeënheet net entgoe gelooss an se allen zwee an de Podcast invitéiert.
    Más Menos
    42 m

Lo que los oyentes dicen sobre intensiv primitiv

Calificaciones medias de los clientes

Reseñas - Selecciona las pestañas a continuación para cambiar el origen de las reseñas.