Episodios

  • Nëssmaart, Nuits des Musées a Kiermes am Duerf (B1)
    Oct 17 2024

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    -

    Transkript:

    Nëssmaart an Nuits des Musées

    Michelle: Salut Tony, wéi geet et dir?

    Tony: Jo, et geet, de Weekend hätt kënnen e bësse méi laang sinn.

    Michelle: A sou? Firwat dann dat? Bass de midd?

    Tony: Jo, ech hat de Weekend e volle Programm. Du weess jo, dass mäi Frënd an ech eng Fernbezéiung hunn a wa mir eis gesinn, da wëlle mir esou vill wéi méiglech ënnerhuelen.

    Michelle: U, jo! Dat ass bestëmmt net einfach. Wat hutt dir dann alles de Weekend gemaach?

    Tony: Majo, de Samschdeg de Mëtteg ware mir an ee gemittleche Café brunchen. Do hunn ech dee beschten Avocadotoast giess! Ech kann dir déi Plaz wierklech recommandéieren. Dono ware mir bis bei meng Eltere Moie soen an ab 19 Auer si mir op d’Nuit des Musées gaangen.

    Michelle: Kléngt jo super! Waart dir dann an all Musée?

    Tony: Nee, mir haten éierlech gesot keng Zäit an och keng Loscht, fir all Musée kucken ze goen. Mir waren als éischt an den Nationalmusée, dann an de Casino an zum Schluss nach an d’Villa Vauban. Mir hunn an deenen dräi Muséeën ongeféier 4 Stonne verbruecht. Virun der Villa Vauban gouf et en DJ, dee cool Musek opgeluecht huet. Ech hat do zoufälleg e puer Aarbechtskolleege getraff an dann hu mir do nach eng Kippche gedronk an eng Wurscht giess.

    Michelle: Okay. A wéi waren d’Ausstellungen dann?

    Tony: Ech fannen dat ass alles Affaire de goût. Verschidde Saachen hu mir besser gefall, anerer manner. Am beschten huet et mir awer am Nationalmusée gefall.

    Michelle: Da verhalen ech mir dat fir d’nächst Joer. A wat hutt dir dann e Sonndeg gemaach?

    Tony: E Sonndeg de Moie si mir géint 11 Auer op Veianen op de Nëssmaart gefuer. Also dat war mol eng Entdeckung! Et gouf eppes fir all Sënn. Et konnt ee quasi duerch dat ganzt Duerf spadséieren a verschidde Saachen, déi mat Nëss gemaach gi sinn entdecken. Et konnt ee Kniddelen, Kéis, Nësszoossiss a Schockela iessen. Et konnt een och Nësslikör, Nëssporto a souguer Nësscocktails drénken. Vun alle Säiten huet ee Musek héieren an et konnt een natierlech och ganz vill Saache kafen, wéi Hunneg mat Nëss, Knippercher a Form vun Nëss, Nëssseefen a sou weider. Mir hu bestëmmt net alles gesinn.

    Michelle: Jo, dat kléngt tatsächlech ganz flott! Ech war d’lescht Joer och um Nëssmaart an et war e Genoss.


    Kiermes am Duerf

    A: O! Wat ass dann hei lass? Dat gesäit jo aus wéi eng kleng Schueberfouer!

    B: Ma jo, et ass eng Kiermes, genee wéi d’Fouer. Dëse Weekend ass Kiermes an eisem Duerf.

    A: Ech gesi mol e klengt Karussell an e Stand, wou et eppes z’iesse gëtt. Wat gëtt et dann nach op dëser Kiermes?

    B: Dat hänkt vun der Gréisst vun der Kiermes of. Solle mer en Tour iwwer d’Kiermes maachen?

    A: Jo, gär! An dann erkläers de mer alles. Vun der Fouer kennen ech scho Gromperekichelcher, Grillwurschten a gebakene Fësch. Wat gëtt et dann hei?

    B: Op dëser Kiermes gëtt et kee gebakene Fësch, well et just ee Stand mat Iesse gëtt, mee hei kriss de och nach Wirschtercher mat Sauermous oder wéi et hei steet: Sauerkraut. Et gëtt och nach Burgeren a Fritten, a fir déi Séiss: Eisekucke mat Pudderzocker, mat Schlagsan, mat Schlagsan an Äerdbier a mat Schockelaszooss.

    A: O, kuck! Si zerwéieren och vegan Wirschtercher mat Sauermous! Dat hätt ech gär! An och en Eisekuch! Mee weis mer fir d’éischt nach déi aner Attraktiounen.

    B: Hei vir ass d’Karussell an dohannen ass e Stand, do kënnen d’Kanner Inte fëschen. Dernieft ass eng Schéissbud, do kann ee Rousen oder soss Saache schéissen.

    A: Héiers de och déi Musek?

    B: Jo, dat ass eis Duerfmusek. Se spille grad en typescht Lidd, „ ‘t ass Kiermes am Duerf“.

    A: A, dat kennen ech nach net. Ech kennen awer den „Hämmelsmarsch“. Schéin! Wie jäizt dohanne sou?

    B: Haha, dat si bestëmmt d’Leit op de Knuppautoen. Hues de Loscht op eng Ronn?

    A: Jo, gär! An duerno iesse mer eppes, wann eis dann net schlecht ass!

    Más Menos
    5 m
  • Zwou Weebeschreiwungen (A2)
    Oct 15 2024

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Am Episod vun haut héiere mir zwou Weebeschreiwungen. Am éischten Dialog erkläert eng Persoun de Wee fir bei si heem mam ëffentlechen Transport, an am zweeten Dialog huet eng Persoun sech am INLL am Sall geiert.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript

    Weebeschreiwung 1: Mam ëffentlechen Transport

    A: Moie Marie! Ech wunnen elo zu Märel. Kënns du mech eng Kéier besichen?

    B: Gär! Wéini hues du Zäit?

    A: E Samschden am Nomëtteg? Meng Wunneng ass zu Märel an der Lonkécher Strooss. Kenns du de Wee bis dohin?

    B: Nee. Ass et komplizéiert?

    A: Nee, et ass ganz einfach! Wou hëls du de Bus oder den Tram?

    B: Ech wunnen um Kierchbierg, no bei der Luxexpo.

    A: A, dat ass einfach! Komm, ech erklären dir de Wee. Du hëls den Tram a Richtung Stadion a klëmms um Arrêt Hamilius an der Stad eraus. Do klëmms du dann op de Bus ëm.

    B: Ok, ee Moment … Ech klammen um Hamilius eraus. A wat fir e Bus huelen ech dann?

    A: Du hëls de Bus 5 oder 6 a Richtung Bartreng um Busarrêt ,,Hamilius’’.

    B: A, ok. An op wat fir enger Statioun klammen ech eraus?

    A: Du klëmms no siwe Statiounen eraus, den Arrêt heescht ,,Orval’’. Da gees du e puer Meter zu Fouss, an du bass do!

    B: An der Rei. Ech hoffen, ech fannen dat!

    A: Jo. Schreif mir einfach eng SMS, wann s du do bass.

    A: Dat maachen ech. Bis e Samschdeg!


    Weebeschreiwung 2: Am INLL

    Apprenant: Entschëllegt, ass hei net den A1 Spueneschcours ?

    Proff: Nee, hei ass de B2.2 Lëtzebuergeschcours.

    Apprenant: Ok? Well hei steet, datt mäi Cours am Sall 134 ass.

    Proff: Kann ech emol kucken?

    A ok. Jo...hei steet, datt Äre Cours an dräi verschidde Säll ass.
    Méindes sidd Dir am Sall 134, dënschdes sidd Dir am Sall 001 an donneschdes a freides sidd Dir am Sall 234. Haut ass Dënschdeg, duerfir sidd Dir am Sall 001.

    Apprenant: A! A wou ass dat, wannechgelift?

    Proff: De Sall 001 ass um Rez-de-chaussée. Dir kënnt direkt hei d’Trapen erofgoen oder mam Lift eroffueren. Da gitt Dir no lénks an de Gank eran an da sidd Dir schonn direkt beim Sall.

    Apprenant: A ok, villmools Merci!

    Proff: Gär geschitt! A kee Stress, de Cours fänkt eréischt an 8 Minutten un.

    Apprenant: Merci! Schéinen Dag!

    Proff: Merci gläichfalls!

    Más Menos
    3 m
  • D'Ëffnungszäiten (A2) a formell / informell (A1)
    Oct 10 2024

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt eppes iwwer d'Ëffnungszäiten, an duerno erkläre mir iech den Ënnerscheed tëschent duzen an dierzen, also der informeller an der formeller Form.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript

    D'Ëffnungszäiten an der Stad


    Iwwer Ëffnungszäite schwätzen (A2)

    Luc: Salut Melanie, hues du de Weekend schonn eppes vir?

    Melanie: Hey ! Nee, nach net wierklech. Ech muss e puer Kommissioune maachen, mee ech weess net genee, wéini d’Butteker an der Stad op sinn. Kanns du mir hëllefen?

    Luc: Jo, dat hänkt dovun of. D’Supermarchéë si samschdes normalerweis bis 20 Auer op, mee sonndes sinn déi meescht just bis mëttes op. Wat brauchs du da genee?

    Melanie: Ech muss an d’Bibliothéik, op d’Post a vläicht op d’Gemeng. Mee ech kennen d’Ëffnungszäiten net.

    Luc: Also, d’Nationalbibliothéik um Kierchbierg ass samschdes vun 10 Auer moies bis 18 Auer owes op. D’Post um Hamilius mécht um 9 Auer op an um 18 Auer zou. Sonndes sinn d’Bibliothéik an d’Post zou.

    Melanie: O, dat ass jo praktesch, da kann ech e Samschdeg de Moien an d’Bibliothéik an nomëttes nach op d’Post. A wéi ass de Bierger-Center op?

    Luc: De Bierger-Center ass de ganze Weekend zou. En ass just vu méindes bis freides op, vun 8 Auer moies bis 17 Auer nomëttes. Ech war viru kuerzem do, dofir weess ech dat nach.

    Melanie: Hm, da muss ech wuel wärend der Woch meng nei Carte d’identité siche goen. Mee da kann ech samschdes nomëttes nach e bëssen an der Stad shoppe goen.

    Luc: Jo, dat ass kee Problem, déi meescht Kleeder- a Schongbutteker si bis owes 19 Auer op.

    Melanie: Cool! Bass du Weekend och an der Stad?

    Luc: Jo, ech ginn e Samschdeg den Owend mat e puer Frënn eng Pizza iessen. Hues du Loscht matzekommen?

    Melanie: Ganz gär! Wéini a wou trefft dir iech?

    Luc: Mir huelen um 19:30 de Lift fir an de Gronn. Wann s du wëlls, kënne mir eis um 19 :15 um Tram-Arrêt Hamilius treffen.

    Melanie: Tipptopp! Dat geet. Bis e Samschdeg!

    Luc: Bis e Samschdeg!

    Formell an informell

    Lucy: Hallo Marc, wéi geet et dir?

    Marc: Gutt a wéi geet et dir?

    Lucy: Et geet! Ech sinn e bësse midd. So, ech hunn eng Fro! Ech hunn eng Frëndin, dat am INLL en A1 Cours mécht an hatt huet mech gefrot, wat genau den Ënnerscheed tëschent formell an informell ass. Hatt kënnt aus Schweden an do duze si sech all.

    Marc: A sou? Dat ass awer komesch.

    Lucy: Jo, ech fannen och. Kanns du dat wannechgelift erklären?

    Marc: Natierlech. Esou funktionéiert d’Héiflechkeetsform, also déi formell Form:

    • Wa mir mat enger Persoun, déi mir net kennen, schwätzen, soe mir Dir. Zum Beispill: Moie Madamm, wéi heescht Dir? Oder: Här Minister, wou wunnt Dir? Mir schreiwen Dir mat engem groussen D. Oppassen! Mir soen awer “Wéi geet et Iech?”

    • Wa mir iwwert eng Madamm schwätzen, déi mir net kennen an/oder déi méi al ass wéi mir, soe mir si. Zum Beispill: D’Grand-Duchesse: Si huet ganz schéi Kleeder. Oder Meng Mamm: Si schwätzt Chineesesch.

    An esou funktionéiert déi informell Form:

    • Wa mir mat enger Persoun, déi mir gutt kenne schwätzen, soe mir du. Zum Beispill: Wéi heeschs du? Oder Wou wunns du? Oppassen! Mir soen awer “Wéi geet et dir?”

    • Wa mir iwwert e Mann oder eng Fra schwätzen, déi mir gutt kennen, an/oder déi méi jonk oder genau esou al ass wéi mir, soe mir hatt oder hien. Zum Beispill: Eng Frëndin: Hatt huet ganz schéi Kleeder. Oder: Mäi Brudder: Hie schwätzt Japanesch.

    Ech hoffen, ech konnt dir e bëssen hëllefen.

    Lucy: Kloer! Ech soe menger Frëndin, datt et de Podcast lauschtere soll an datt et do méi Erklärungen dozou kritt.

    Marc: Super! Du méchs och nach Reklamm fir eis!

    Más Menos
    5 m
  • Tiny House a Kleederschaf ausraumen (A2)
    Oct 7 2024

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vum haut héiere mir, dass d'Lara geschwënn an en Tiny House plënnert. Duerno héiere mir, wéi eng Frëndin där anerer hëlleft, fir hire Kleederschaf auszeraumen.

    ---

    Transkript

    Tiny House

    A: Hallo Lara! Deng Mamm seet, dass du geschwënn an en Tiny House plënners! Wéi flott!

    B: Jo, ech wëll elo net méi bei menger Mamm wunnen an de Moment fannen ech zu Lëtzebuerg keng aner Wunneng.

    A: Jo...a wéini plënners de?
    B: Ech plënneren d’nächst Woch, mee d’Miwwele si schonn all do.

    A: Cool! Wéi gesäit et dann aus?

    B: Majo, et ass natierlech kleng, also 20 Meterkaree. Wann een erakënnt, da steet een direkt an der Stuff. Ech hunn e klenge Kannapee, e klengt Regal an eng Tëlee. Et gëtt och en Dësch mat zwee Still. Riets ass d’Kichen. Se ass wierklech kleng, mee et gëtt eng Kachmaschinn mat engem Schäffchen, e Frigo, e Spullsteen an eng kleng Mikrowell. Am Fong ass dat alles, wat ech brauch. Bei der Kichen ass eng Dier an déi féiert op eng kleng Terrass. Do stinn och en Dësch an zwee Still.
    Uewe si mäi Schlofzëmmer an d’Buedzëmmer. Fir eropzekommen, klammen ech eng Leeder erop. Ech hunn e Bett vun 1m40, en Nuetsdësch, eng Komoud an e Kleederschaf. Am Buedzëmmer gëtt et eng Dusch, eng Toilette an e Lavabo mat engem Spigelschaf driwwer.

    A: Wow, du hues jo wierklech alles, wat ee brauch! Ass et da wierklech net ze kleng?

    B: De Moment nach net. Ech muss awer soen, datt ech och just néideg Saache mathuelen a minimalistesch liewe wëll. All meng aner Saache stinn elo bei menger Mamm um Späicher.

    A: Dat ass gutt! Wéi flott, ech freeë mech fir dech! Vill Courage da beim Plënneren.

    B: Merci! Dat wäert goen, et ass jo net esou vill!


    De Kleederschaf ausraumen

    A: Hallo! Villmools Merci, dass du mir hëllefs, meng Kleeder auszeraumen!

    B: Ganz gär geschitt! Ech hëllefe gär!

    A: Wann dir eppes gefält, da schenken ech dir et!

    B: Merci! Wéi praktesch!

    A: Solle mir beim Kleederschaf ufänken? Hei sinn esou vill Saachen, déi ech net méi undinn. Wéi decidéiers du, wat s de häls a wat s de ewechgëss?

    B: Saachen, déi ech méi wéi zwee Joer net unhat, ginn ech ewech!

    A: Ok...dëse Rack ass immens schéin, mee ech hat e bestëmmt schonn dräi Joer net méi un. Fort dermat!

    B: Bass de sécher? Mir kënnen och dräi Kéip maachen: ee Koup mat Kleeder, déi s de sécher hale wëlls, ee Koup mat Kleeder, déi s de sécher wechgëss an ee Koup mat Kleeder, déi s de vläicht häls oder vläicht wechgëss. Da kanns de zum Schluss nach eng Kéier kucken...

    A: Ok, da leeën ech en op de Koup VLÄICHT.

    B: Wéi ass et mat dësem Kleed?

    A: Nee, dat hat ech virun e puer Wochen un. Dat halen ech sécher. O jee, mee firwat hunn ech dëse Rack dann nach? Dee passt mir bestëmmt säit 5 Joer net méi! Merci Rack, mir haten eng schéin Zäit zesummen, mee elo kanns de eng aner Persoun glécklech maachen!

    B: O wéi léif, dass de dat sees! Mir passt e leider och net, soss hätt ech e matgeholl.

    A: O mei, ech hunn esou vill T-Shirten! A ganz vill T-Shirten hu Lächer a si futti!

    B: Déi, déi s de nach flécke kanns, kanns de nach halen. Déi aner dees de dann entweeder an denger Fräizäit un oder du méchs Fatze fir ze botzen draus.

    A: Ok. Dee ka fort, dee ka fort, deen halen ech, deen halen ech och, dee ka fort...kleng Paus] Wow, lo ass scho vill méi Plaz am Schaf! Mee elo zu menger “Haass-Kategorie”: d’Boxen.

    B: Leider muss du se umoossen, fir ze kucken, wéi eng Boxen nach passen.

    A: Jo, a genee dat haassen ech...

    B: Maja, déi meescht passe jo nach. Wa se der gefalen, da kanns de se jo halen.

    A: Mee ech brauch Plaz am Schaf an ech brauch och keng 5 Boxe vun all Faarf. Déi dräi Boxen halen ech, mee déi zwou komme fort! An déi do ass guer net méi an der Moud. Déi ginn ech ewech!

    B: Waart, déi gefält mir! Ech moosse se mol un. Wa se mer passt, dann huelen ech se mat heem.

    A: Gutt! Hues de och nach Zäit, fir meng Schong auszeraumen?

    B: Majo natierlech!

    Más Menos
    6 m
  • Den Hierscht a Pappendag (A2)
    Oct 3 2024

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer den Hierscht a Pappendag zu Lëtzebuerg.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript

    Den Hierscht

    Mir wollten elo iwwert d’Wieder, mee och iwwert verschidden Aktivitéiten, déi een zu Lëtzebuerg am Hierscht maache ka schwätzen. Vläicht inspiréiert Iech dat, déi eng oder déi aner Aktivitéit auszeprobéieren.

    Am Hierscht ass et mëttlerweil net méi esou kal wéi fréier an et sinn ëm déi 10 Grad. Mee et reent awer vill am Hierscht. Grad well et esou vill reent, mécht een am Hierscht éischter Aktivitéiten dobannen. Zum Beispill kann ee mol déi verschidde Muséeë besichtegen. An der Stad ginn et vill Muséeën, zum Beispill de MUDAM, de Musée Dräi Eechelen, den Nationalmusée fir d'Naturgeschicht, a sou weider. Eng aner Aktivitéit, déi een dobannen nach maache kann, ass an d’Cinemathéik goen, do lafen oft al Filmklassiker an d’Entrée ass net ze deier. Zu Lëtzebuerg gëtt et och vill Theateren, wou ee mat Frënn, Kanner oder Partner higoe kann. A wann ee gär doheem bleift, kann ee Käschten am Uewe maachen. Dat schmaacht och ganz gutt.

    Am Oktober kann een och op den Nëssmaart op Veianen goen an dat kann een da mat enger Visitt am Schlass kombinéieren. Um Nëssmaart kritt ee vill verschidde Spezialitéiten, déi aus Nëss gemaach ginn, wéi zum Beispill Nësslikör, Nësskuch, Nëssseef asw.

    Eng aner flott Aktivitéit, déi ee mat de Kanner maache kann, ass op d’Robbesscheier goen a Gesiichter an d’Rommele schnëtzen, déi een da fir Trauliicht oder Halloween doheem als Dekoratioun benotze kann.


    Pappendag

    Maxi: Jana, weess du, wéi Pappendag zu Lëtzebuerg gefeiert gëtt?

    Jana: Jo, natierlech! Zu Lëtzebuerg gëtt Pappendag den éischte Sonndeg am Oktober gefeiert, an net am Juni, wéi a villen anere Länner.

    Maxi: Jo, dat ass interessant. Ginn et bestëmmt Traditioune fir deen Dag?

    Jana: Jo, d’Kanner bastelen oft e klenge Kaddo an der Schoul, si schreiwen eng Kaart fir hire Papp oder si sangen e Lidd, wat si an der Schoul geléiert hunn. Verschidde Famillen maachen och en Ausfluch oder si gi mat der Famill an de Restaurant iessen.

    Maxi: Also esou änlech wéi Mammendag, richteg?

    Jana: Genau. Et ass en Dag, fir de Pappen ,,Merci’’ ze soen an hinnen ze weisen, wéi wichteg se fir hir Kanner sinn. Bei eis doheem maache mir oft e Brunch, well mäi Papp dat léiwer huet, wéi an de Restaurant ze goen.

    Maxi: Dat kléngt schéin. Hues du da schonn e Kaddo fir däi Papp fir dëst Joer?

    Jana: Ech hunn him e Bong fir e Bicherbuttek kaf. Mäi Papp liest immens vill a gär, a mat engem Bong kann hie sech dat kafen, wat hie gär wëll. An du?

    Maxi: Ech komme jo aus England, a bei eis ass Pappendag am Juni. Mäi Papp kuckt gär Fussball, dofir hu mäi Brudder an ech him dëst Joer Tickete fir e Match am Wembley Stadion kaf.

    Jana: A jo, richteg! Doriwwer huet hie sech bestëmmt gefreet!

    Maxi: Jo. Zanter ech zu Lëtzebuerg wunne gesi mir eis normalerweis net fir Pappendag, mee mir telefonéieren da mat Video mat menger Schwëster, déi och am Ausland wunnt.

    Jana: Dat ass och schéin. Vläicht kann däi Papp jo eng Kéier fir de Lëtzebuergesche Pappendag op Besuch kommen!

    Maxi: Jo, dat kann ech emol proposéieren. Den Oktober ass och eng schéin Zäit, fir Lëtzebuerg ze besichen. Dann e schéine Pappendag mat denger Famill!

    Jana: Merci!

    Más Menos
    5 m
  • Ukommen zu Lëtzebuerg (B1)
    Oct 1 2024

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir mam Manon a mam Elif, déi eis e bëssen iwwer hir éischt Zäit zu Lëtzebuerg erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Moderator : Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir zwou Persoune bei eis am Studio, déi eis e bëssen iwwert hiert Liewen hei zu Lëtzebuerg erzielen. Manon, firwat bass du op Lëtzebuerg komm?

    Manon: Moien! Ech kommen aus der Belsch, vu Bréissel, an ech war op der Sich no enger neier Aarbecht. Ech schaffen an de Finanzen an hei zu Lëtzebuerg ginn et vill interessant Firmen. Ech hu mech op e puer Plaze gemellt an hu viru véier Joer dunn eng Aarbecht hei als Actuaire fonnt.

    Moderator: An du, Elif?

    Elif: Ech kommen aus der Tierkei a si virun dräi Joer op Lëtzebuerg komm, fir hei op der Uni mäin Doktorat ze maachen.

    Moderator: Wéini waart dir déi alleréischt Kéier zu Lëtzebuerg?

    Manon: Ech war als Kand e puer Mol zu Lëtzebuerg. Mir hu Famill an der Géigend vun Arel a sinn heiansdo mat hinnen op Lëtzebuerg komm, zum Beispill fir de Chrëschtmaart oder fir op d‘Fouer ze goen.

    Elif: Ech war just ee Mol zu Lëtzebuerg, wéi ech mir d’Uni ugekuckt hunn an e puer Professore getraff hunn. Dat war e puer Méint, éier ech heihi geplënnert sinn.

    Moderator: Wat fir eng Sprooch hutt dir als éischt geléiert a firwat?

    Manon: Ech hat Chance, well ech fléissend Franséisch schwätzen. Dat huet mir vill gehollef. Mee no zwee Joer hunn ech ugefaangen, Lëtzebuergesch ze léieren, well mäi Mann Lëtzebuerger ass.

    Elif: Ech hunn direkt ugefaangen, Lëtzebuergesch ze léieren. Dat war wichteg fir mech, well ech mech gär richteg integréiere wëll an esou eventuell och an e puer Joer déi Lëtzebuergesch Nationalitéit kréie kann.

    Moderator: Wat oder wien hutt dir am Ufank vill vermësst?

    Manon: Meng Famill. Ech hu ganz laang zu Bréissel mat menger Schwëster an engem Appartement gewunnt. Et war komesch, op eemol ganz eleng ze sinn. Mee ech hu séier nei Leit kenne geléiert!

    Elif: Mir huet dat gutt tierkescht Iesse gefeelt, an natierlech d’Sonn!

    Moderator: Gëtt et eppes, wat iech direkt immens gutt zu Lëtzebuerg gefall huet?

    Manon: Jo, d’Méisproochegkeet! Dat huet mech e bëssen u meng Heemecht erënnert.

    Elif: Dat huet mir och gutt gefall. Ech konnt am Ufank just op Englesch mat de Leit kommunizéieren, mee ech war iwwerrascht, wéi gutt d’Leit zu Lëtzebuerg Englesch schwätzen. An natierlech de gratis ëffentlechen Transport! Dat ass wierklech super.

    Moderator: A wat huet iech net esou gutt gefall?

    Manon: Hmm… schwéier ze soen. Mir huet eigentlech alles gutt gefall!

    Elif: Fir mech war et schwéier, mech un d’Wieder z’adaptéieren. Hei reent et vill méi wéi a menger Heemecht an am Wanter ass den Himmel oft gro. Et huet e puer Joer gedauert, bis ech mech doru gewinnt hat.

    Moderator: An dann nach eng lescht Fro vun eisen Nolauschterer: Wat fir e Wuert hutt dir als éischt geléiert?

    Manon: ,,Tipptopp’’! Mäi Mann huet dat ëmmer gesot an ech hunn dat witzeg fonnt.

    Elif: ,,Moien’’, natierlech!

    Moderator: Flott! Et freet eis, datt dir haut bei eis am Studio waart. Mir soe Merci a bis déi nächst Kéier an der Poterkëscht.

    Más Menos
    4 m
  • D'Alphabet (A1)
    Sep 26 2024

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut trainéiere mir d'Alphabet op Lëtzebuergesch. Mir héieren och e Beispiller, wou d'Alphabet trainéiert gëtt.

    ---

    Transkript

    D'Alphabet op Lëtzebuergesch

    D’Alphabet op Lëtzebuergesch

    A wéi Adress

    B wéi Bus

    C wéi Computer

    D wéi Dokter

    E wéi Elteren

    F wéi Famill

    G wéi Gebuertsdag

    H wéi Handysnummer

    I wéi Informatiker

    J wéi Joreszäit

    K wéi Kaffi

    L wéi Lëtzebuerg

    M wéi Meedchen

    N wéi Noper

    O wéi Owend

    P wéi Proff

    Q wéi Quetsch

    R wéi Restaurant

    S wéi Samschdeg

    T wéi Telefon

    U wéi Universitéit

    V wéi Virnumm

    W wéi Woch

    X wéi Xylophon

    Y wéi Yoga

    Z wéi Zuch

    Elo héiere mir dräi kuerz Dialoger.

    Am Cours vum INLL

    Apprenant : Gudde Moien, ech sinn am A1-Lëtzebuergesch-Cours.

    Proff : Jo, wéi ass Ären Numm, wgl. ?

    Apprenant : Sachinoli Ortega.

    Proff : Kënnt Dir Äre Virnumm buschtawéieren, wgl. ?

    Apprenant : Jo, natierlech. S-A-C-H-I-N-O-L-I.

    Proff : A jo, ären Numm ass hei op der Lëscht. Wëllkomm !

    Am Cours

    Yarina : Moien, wéi heeschs du ?

    Kevin : Ech heesche Kevin. An du?

    Yarina : Mäin Numm ass Yarina.

    Kevin : Wéi schreift een dat ?

    Yarina : Y-A-R-I-N-A.

    E Rendez-vous beim Dokter

    Patient : Gudde Moien, ech brauch e Rendez-vous beim Dokter Thill.

    Rezeptionnistin : Wéi ass Ären Numm, wgl. ?

    Patient : Marcel Landewyck

    Rezeptionnistin : Kënnt Dir dat buschtawéieren, wgl. ?

    Patient : Jo. M-A-R-C-E-L, Landewyck L-A-N-D-E-W-Y-C-K

    Rezeptionnistin : An der Rei. E Moment, wgl…

    Más Menos
    4 m
  • Alldag mat Kanner (B1) a Message um Repondeur (A1)
    Sep 24 2024

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir fir d'éischt en Dialog tëschent Elteren iwwer hir Kanner. Duerno lauschtere mir, wéi eng Mamm e Message op de Repondeur vum Dokter schwätzt.

    ---

    Transkript

    Alldag mat Kanner

    Paul: Hallo Maria, wéi ass et, du gesäis e bësse midd aus?

    Maria: O, fro net..

    Paul: Wéi dann? Wat ass lass?

    Maria: Ech sinn immens iwwerfuerdert mat deem Klengen. Geet et dir dann net esou?

    Paul: Ech gleewen dir! Mir goung et och esou, wéi meng Kanner nach kleng waren, mee elo geet et awer.

    Maria: Wierklech? Wéi gesäit da bei dir sou en Dag aus?

    Paul: Ech schaffe jo Hallefzäit an dofir hunn ech och genuch Zäit, fir mech ëm alles ze këmmeren. Moies erwächen ech d’Kanner a mir drénken zesumme Kaffi. De Ben preparéiert sech säi Müsli souguer selwer. D’Kanner di sech och selwer un an da bréngen ech si an d’Schoul. Hir Schoul läit jo um Wee, fir op meng Aarbecht. No der Schoul ginn d’Kanner an d’Maison Relais an ech gi si da géint fënnef Auer nomëttes sichen. An der Tëschenzäit ginn ech akafen oder ech maachen de Stot. Wann d’Kanner bis doheem sinn, mécht meng Fra mat hinnen d’Hausaufgaben an ech kachen. Mir iessen all zesummen an um néng Auer ginn d’Kanner an d’Bett. Do hu meng Fra an ech dann e bëssen Zäit fir eis.

    Maria: Dat kléngt trotzdeem no engem volle Programm.

    Paul: Ass et jo och, mee wéi gesot, et gëtt awer méi einfach mat der Zäit. Wéi ass et da bei dir?

    Maria: Mäi Mann wollt sech elo nach net säi Congé Parental huelen, dofir verbréngen ech de ganzen Dag eleng mat mengem Meedchen. Hatt erwächt nuets all zweet Stonn, well et geniert muss ginn an dofir sinn ech och esou midd. Jo a moies fiert mäi Mann gemittlech op d’Schaff an ech sinn dann aacht Stonnen eleng mat deem Klengen. Ech maachen dann en Tour mat him a mam Mupp. Hatt schléift meeschtens an der Kutsch an. Wann ech heemkomme raumen ech e bëssen a kache fir d’Mëtteg-an d’Owendiesse vir. Wann hatt bis wakereg ass beschäftegen ech mech mat him. Heiansdo gi mir an de Schwammcours oder ech treffe mech mat anere Mammen aus dem Duerf.

    Paul: A, dat ass gutt! Du solls dech och mat anere Leit austauschen an em Rot froen. Hëllefen deng Elteren dir dann och bëssen?

    Maria: Jo, wa si Zäit hunn, da ginn ech bei si. Meng Mamm passt gär op d’Ella op. Ech profitéieren dann dovun a schlofen alt e bëssen oder ech ginn an den Danzcours. Do kann ech dann e bëssen ofschalten.

    Paul: Flott!

    Message um Repondeur

    Repondeur:
    Moien, hei ass de Repondeur vum Dr. Wald. De Moment sinn all eis Leitunge besat. Rufft wannechgelift méi spéit nach eng Kéier un oder hannerloosst e Message mat Ärem Numm, mat Ärer Nummer op Ärer Krankekeesskäertchen a mat Ärem Uleies. Wann dir nei Patiente sidd, da sot wannechgelift och nach Är Adress an Är Telefonsnummer. Mir kontaktéieren Iech dann esou séier wéi méiglech. Äddi!

    Patientin:
    Moien. Hei ass d’Amélie Kohl. Mäi Meedchen ass krank a brauch e Rendez-vous. Mir sinn am Januar op Stengefort geplënnert an nei Patientinnen. Säi Virnumm ass Lina a säi Familljennumm ass Schmit-Kohl. Schmit, Bindestréch, Kohl.
    Seng Sécurité-sociales-Nummer ass 2019021504392.
    Eis Adress ass: 15, rue Schéi-Vue, L-8642 Stengefort.
    Eis Telefonsnummer ass 27 838 456 oder meng Handysnummer, 621 89 38 33.
    Merci! Äddi!

    Más Menos
    5 m