Poterkëscht vum INLL

De: Poterkëscht
  • Resumen

  • Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.
    Poterkëscht
    Más Menos
Episodios
  • D'Alphabet (A1)
    Sep 26 2024

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut trainéiere mir d'Alphabet op Lëtzebuergesch. Mir héieren och e Beispiller, wou d'Alphabet trainéiert gëtt.

    ---

    Transkript

    D'Alphabet op Lëtzebuergesch

    D’Alphabet op Lëtzebuergesch

    A wéi Adress

    B wéi Bus

    C wéi Computer

    D wéi Dokter

    E wéi Elteren

    F wéi Famill

    G wéi Gebuertsdag

    H wéi Handysnummer

    I wéi Informatiker

    J wéi Joreszäit

    K wéi Kaffi

    L wéi Lëtzebuerg

    M wéi Meedchen

    N wéi Noper

    O wéi Owend

    P wéi Proff

    Q wéi Quetsch

    R wéi Restaurant

    S wéi Samschdeg

    T wéi Telefon

    U wéi Universitéit

    V wéi Virnumm

    W wéi Woch

    X wéi Xylophon

    Y wéi Yoga

    Z wéi Zuch

    Elo héiere mir dräi kuerz Dialoger.

    Am Cours vum INLL

    Apprenant : Gudde Moien, ech sinn am A1-Lëtzebuergesch-Cours.

    Proff : Jo, wéi ass Ären Numm, wgl. ?

    Apprenant : Sachinoli Ortega.

    Proff : Kënnt Dir Äre Virnumm buschtawéieren, wgl. ?

    Apprenant : Jo, natierlech. S-A-C-H-I-N-O-L-I.

    Proff : A jo, ären Numm ass hei op der Lëscht. Wëllkomm !

    Am Cours

    Yarina : Moien, wéi heeschs du ?

    Kevin : Ech heesche Kevin. An du?

    Yarina : Mäin Numm ass Yarina.

    Kevin : Wéi schreift een dat ?

    Yarina : Y-A-R-I-N-A.

    E Rendez-vous beim Dokter

    Patient : Gudde Moien, ech brauch e Rendez-vous beim Dokter Thill.

    Rezeptionnistin : Wéi ass Ären Numm, wgl. ?

    Patient : Marcel Landewyck

    Rezeptionnistin : Kënnt Dir dat buschtawéieren, wgl. ?

    Patient : Jo. M-A-R-C-E-L, Landewyck L-A-N-D-E-W-Y-C-K

    Rezeptionnistin : An der Rei. E Moment, wgl…

    Más Menos
    4 m
  • Alldag mat Kanner (B1) a Message um Repondeur (A1)
    Sep 24 2024

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir fir d'éischt en Dialog tëschent Elteren iwwer hir Kanner. Duerno lauschtere mir, wéi eng Mamm e Message op de Repondeur vum Dokter schwätzt.

    ---

    Transkript

    Alldag mat Kanner

    Sara: Hallo Maria, wéi ass et, du gesäis e bësse midd aus?

    Maria: O, fro net..

    Sara: Wéi dann? Wat ass lass?

    Maria: Ech sinn immens iwwerfuerdert mat deem Klengen. Geet et dir dann net esou?

    Sara: Ech gleewen dir! Mir goung et och esou, wéi meng Kanner nach kleng waren, mee elo geet et awer.

    Maria: Wierklech? Wéi gesäit da bei dir sou en Dag aus?

    Sara: Ech schaffe jo Hallefzäit an dofir hunn ech och genuch Zäit, fir mech ëm alles ze këmmeren. Moies erwächen ech d’Kanner a mir drénken zesumme Kaffi. De Ben preparéiert sech säi Müsli souguer selwer. D’Kanner di sech och selwer un an da bréngen ech si an d’Schoul. Hir Schoul läit jo um Wee, fir op meng Aarbecht. No der Schoul ginn d’Kanner an d’Maison Relais an ech gi si da géint fënnef Auer nomëttes sichen. An der Tëschenzäit ginn ech akafen oder ech maachen de Stot. Wann d’Kanner bis doheem sinn, mécht mäi Mann mat hinnen d’Hausaufgaben an ech kachen. Mir iessen all zesummen an um néng Auer ginn d’Kanner an d’Bett. Do hu mäi Mann an ech dann e bëssen Zäit fir eis.

    Maria: Dat kléngt trotzdeem no engem volle Programm.

    Sara: Ass et jo och, mee wéi gesot, et gëtt awer méi einfach mat der Zäit. Wéi ass et da bei dir?

    Maria: Mäi Mann wollt sech elo nach net säi Congé Parental huelen, dofir verbréngen ech de ganzen Dag eleng mat mengem Meedchen. Hatt erwächt nuets all zweet Stonn, well et geniert muss ginn an dofir sinn ech och esou midd. Jo a moies fiert mäi Mann gemittlech op d’Schaff an ech sinn dann aacht Stonnen eleng mat deem Klengen. Ech maachen dann en Tour mat him a mam Mupp. Hatt schléift meeschtens an der Kutsch an. Wann ech heemkomme raumen ech e bëssen a kache fir d’Mëtteg-an d’Owendiesse vir. Wann hatt bis wakereg ass beschäftegen ech mech mat him. Heiansdo gi mir an de Schwammcours oder ech treffe mech mat anere Mammen aus dem Duerf.

    Sara: A, dat ass gutt! Du solls dech och mat anere Mammen austauschen an em Rot froen. Hëllefen deng Elteren dir dann och bëssen?

    Maria: Jo, wa si Zäit hunn, da ginn ech bei si. Meng Mamm passt gär op d’Ella op. Ech profitéieren dann dovun a schlofen alt e bëssen oder ech ginn an den Danzcours. Do kann ech dann e bëssen ofschalten.

    Sara: Flott!

    Message um Repondeur

    Repondeur:
    Moien, hei ass de Repondeur vum Dr. Wald. De Moment sinn all eis Leitunge besat. Rufft wannechgelift méi spéit nach eng Kéier un oder hannerloosst e Message mat Ärem Numm, mat Ärer Nummer op Ärer Krankekeesskäertchen a mat Ärem Uleies. Wann dir nei Patiente sidd, da sot wannechgelift och nach Är Adress an Är Telefonsnummer. Mir kontaktéieren Iech dann esou séier wéi méiglech. Äddi!

    Patientin:
    Moien. Hei ass d’Amélie Kohl. Mäi Meedchen ass krank a brauch e Rendez-vous. Mir sinn am Januar op Stengefort geplënnert an nei Patientinnen. Säi Virnumm ass Lina a säi Familljennumm ass Schmit-Kohl. Schmit, Bindestréch, Kohl.
    Seng Sécurité-sociales-Nummer ass 2019021504392.
    Eis Adress ass: 15, rue Schéi-Vue, L-8642 Stengefort.
    Eis Telefonsnummer ass 27 838 456 oder meng Handysnummer, 621 89 38 33.
    Merci! Äddi!

    Más Menos
    5 m
  • Sech kenneléieren (B1)
    Sep 18 2024

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    ---

    Transkript:

    Sally: Daniela, kann ech dir eng Fro stellen?
    Daniela: Jo, natierlech.

    Sally: Okay... Also Daniela: Wou bass du gebuer wgl.?

    Daniela: Ech sinn a Rumänien zu Bucharest gebuer. Ech hunn awer och direkt eng Fro fir dech, Sally: Wéini bass du gebuer?

    Sally: Ech sinn den 18. September 1986 gebuer.

    Daniela: Dann hues du jo haut Gebuertsdag! Alles Guddes! Wat hues du dann den Owend geplangt?

    Sally: Den Owend ginn ech gemittlech eppes mat mengem Mann iessen. De Weekend hu mir e puer Frënn bei eis invitéiert. Ech hoffen et reent net. Da kéint ee vläicht nach eng Kéier grillen.

    Moderator: Soss, méchs du einfach déi éischt Raclette vun der Saison. Da schmaacht se nach extra gutt.

    Sally: Effektiv. Dat ass wierklech eng Iddi! Daniela, wat hues du dann de Weekend geplangt?

    Daniela: Ech hoffen och net, dass et ze vill reent. Da kann ech mat de Kanner op d'Spillplaz goen.

    Sally: A sou? Du hues Kanner. Wéi heeschen si dann a wéi al si si?

    Daniela: Mäi Meedchen heescht Valentina an hatt ass 3 Joer al, a mäi Jong heescht Adrian, hien huet 6 Joer. Du has virdru gesot, dass du mat dengem Mann iesse gees. Wéi laang sidd dir da scho bestuet?

    Sally: Mir hunn eis de 6. Juni 2016 bestuet, zënter 8 Joer also.

    Daniela: Hutt dir iech zu Lëtzebuerg bestuet?

    Sally: Nee, dunn hu mir nach net hei gewunnt. Mir sinn eréischt 2019 op Lëtzebuerg geplënnert.

    Daniela: A wéini hues du ugefaange Lëtzebuergesch ze léieren?

    Sally: Am Februar 2020 hunn ech mäin éischte Cours am INLL gemaach. Dat war net esou einfach, well am Mäerz 2020 all d'Coursen online waren, wéinst Covid. Dat war am Ufank alles net esou einfach.

    Daniela: Dann hat ech jo méi Chance. Ech léieren elo zënter zwee an engem hallwe Joer Lëtzebuergesch. Et ass awer och net esou einfach fir meng Famill, d'Aarbecht an d'Coursen ënnert een Hutt ze kréien. An da maachen ech och nach heiansdo gär Sport.

    Sally: Wat méchs du da fir ee Sport?

    Daniela: Ech gi gär an de Bësch lafen. Am Summer ginn ech och gär schwammen... Am Wanter maachen ech dat net esou gär. Dann as et mir ze kal. An dann hunn ech keng Loscht fir och nach an dat kaalt Waasser ze sprangen.

    Sally: Dat verstinn ech. Fiers du net gär Vëlo?

    Daniela: Dach, elo wou mäi Jong schonn e bësse méi al ass, kënne mir scho kleng Tier zesumme maachen. Dat mécht wierklech Spaass. An du Sally? Wat méchs du gär an denger Fräizäit.

    Sally: Ech sinn elo net méi esou sportlech. Ech hu léiwer méi e gemittleche Programm. Ech gi gär an de Kino, ech probéiere gär nei Restauranten aus, ech interesséiere mech och fir Konscht a gi reegelméisseg nei Expoe kucken. Heiansdo ginn ech och emol op e Concert. Dat maachen ech awer net esou oft. Als Kand hunn ech méi Sport gemaach. Ech hunn ëmmer gär Basket an Handball gespillt. Wéi ech 19 Joer hat, hunn ech mech awer relativ schlëmm um Knéi blesséiert an zënterdeemsinn ech gezwonge méi lues ze maachen.

    Daniela: Dat deet mir leed ze héieren! Wat bass du da vu Beruff?

    Sally: Ech sinn Affekotin a schaffen an enger Etude hei an der Stad.

    Daniela: Dann hues du bestëmmt genuch Stress.

    Sally: Jo, dat stëmmt. Et ass ni langweileg a mir hu wierklech vill Aarbecht. Ech freeë mech schonn op d'Pensioun!

    Daniela: Op d'Pensioun? Du hues dach nach keng 40 Joer a schwätz scho vun der Pensioun. Hues du da scho Pläng, wann s de fäerdeg bass mat schaffen?

    Sally: Jo. Mäi Mann an ech wëllen eis e klengt Haus an Italie kafen, mat engem schéine grousse Gaart. Do kënne mir eis et da gutt huelen a vum Liewe profitéieren an dat ouni Stress.

    Moderator: Dat kléngt no engem ganz flotte Plang! Et deet mir leed dir Dammen, dass ech iech hei ënnerbrieche muss. Mee ech gesinn, dass eis Emissioun gläich fäerdeg ass. Ech wënschen iech allenzwee nach ganz vill Gléck fir är Zukunft! Sally, dir proposéieren ech fir eventuell Lotto ze spillen. Vläicht gewënns du jo, an da kanns du scho ganz geschwënn en Haischen an Italie kafen.

    Sally: Jo, dat kéint ech emol probéieren.

    Más Menos
    6 m

Lo que los oyentes dicen sobre Poterkëscht vum INLL

Calificaciones medias de los clientes

Reseñas - Selecciona las pestañas a continuación para cambiar el origen de las reseñas.