Loscht op Mord

De: Charel Krier Julie Gerard
  • Resumen

  • "Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch. De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn. An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.
    Eldoradio
    Más Menos
Episodios
  • Episod 90 - Besiess vum Christina Grimmie
    Aug 11 2024
    D'Christina Grimmie ass fir deen een oder aneren e Begrëff, hatt war eng jonk talentéiert Sängerin aus deen USA, dat 2014 duerch The Voice an den USA bekannt ginn ass. De 27 järege Kevin James Loibl, e scheien Typ, deen sech éischter zeréckgezunn huet, huet 2015 ugefaangen absolut besiess vum Grimmie ze sinn. Dat geet esou wäit, dass hien 2016 no engem Concert d'Christina fir d'éischt erschéisst an dono sech selwer d'Liewen hëlt. Alles iwwert dee Fall gëtt et an dëser Episod.
    Más Menos
    47 m
  • Episod 89 - De Fall Brianna Denison
    Jul 28 2024
    Am Januar 2008 verschwënnt d'Brianna an der Nuecht aus der Studentewunneng vun zwou Frëndinnen. Schnell ass kloer dass d'Meedchen net fräiwëlleg verschwonnen ass. Kuerz Zäit drop fënnt een dem Brianna seng Läich. Wien huet hat entfouert an ermort a firwat?
    Más Menos
    36 m
  • Episod 88 - Geféierlechste Seeriemäerder?
    Jun 30 2024
    An den 1980er Jore fänkt de Charles Cullen säi Job als Infirmier un, wat opfält iwwerall, wou hie schafft, stierwe Patienten, dëst geet Jore laang esou a verschiddenen Spideeler, an deenen hie schafft. Iwwer 40 Morde soll de Cullen begoen, éier hie gefaasst gëtt. Wéi et souwäit konnt kommen a wat alles virgefall ass gitt dir an dëser Episod gewuer.
    Más Menos
    30 m

Lo que los oyentes dicen sobre Loscht op Mord

Calificaciones medias de los clientes

Reseñas - Selecciona las pestañas a continuación para cambiar el origen de las reseñas.