Minett Mash-Up: De Podcast

De: Minett UNESCO Biosphere IK-CNCI & MUAR
  • Resumen

  • Minett Mash-up – de Podcast, deen iech mat op d’Rees hëlt!
    All Mount invitéiere mir interessant Gäscht aus ganz ënnerschiddleche Beräicher an entdecke mat hinne spannend Plazen am Süde vum Land.
    Léiert mat eis déi eenzegaarteg Natur, historesch Sitten a kreativ Initiativen aus der Regioun kennen.
    Är Hosts: Yann Logelin vun der Minett UNESCO Biosphere, Anna Monaco / Maria Spada / Loréna Jarosz vum IK-CNCI (Industriekultur – Centre national de la culture industrielle), Marieke Jarvis vum MUAR (Musée vun der Aarbecht).
    Musek: Ragner (https://linktr.ee/ragnerdub).

    © 2024 Minett Mash-Up: De Podcast
    Más Menos
Episodios
  • Episod 27: Raffaella Campobasso X Musée des Mines
    Jul 26 2024

    Kontaktéiert eis

    Op engem waarme Summerdag ass de Musée des Mines zu Rëmeleng déi richteg Plaz fir sech natierlech z’erfrëschen. Konstant 11 Grad ware fréier och den deegleche Begleeder vun de Mineuren, déi an der Minn Walert de Minett aus dem Buedem geholl hunn. Genee dee Setting hu mer eis fir de Juli Episod vum Minett Mash-Up erausgesicht.

    70 Meter ënnert dem Buedem hate mer Rendez-vous mat eiser Gespréichspartnerin vun dësem Mount, der Chargée de direction vum Musée des Mines: Raffaella Campobasso.

    Eise Gaascht: Raffaella Campobasso

    D‘Raffaella steet eis dës Kéier Ried an Äntwert. No hirem Studium vun der Konschtgeschicht ass si vun Italien op Lëtzebuerg komm an huet hir Aufgab am Domaine vun der Industriekultur an der industrieller Geschicht fonnt. Zënter 2019 steet si un der Spëtzt vum Minnemusée, deen 1973 seng Dieren opgemaach huet.

    Mam Raffaella Campobasso schwätze mer iwwert de Minnemusée, déi deeglech Gestioun, d’Erausfuerderunge vun der Digitaliséierung an den Alldag vun de Mineuren, déi an der Minière Walert geschafft hunn. E weidere Sujet ass déi touristesch Bedeitung vum Musée, deen zu engem vun de wichtegsten Attraktioune vum Süde gehéiert.

    Eis Minett-Location vum Mount: Musée National des Mines de Fer

    An der fréierer Minière „Walert“ zu Rëmeleng fënnt een haut de Musée des Mines. Nodeems dës Minière 1963 zougemaach gouf, huet et 10 Joer gedauert, éier aus der Minn e Musée gouf.

    Am Musée gëtt d’Entwécklung vum Biergbau zu Lëtzebuerg vun der Mëtt vum 19. Joerhonnert bis an déi zweet Hallschent vun dem 20. Joerhonnert gewisen. Artefakten, Maschinnen an Archivdokumenter ginn dem Visiteur, op enger ronn 2 Stonne laanger Visite guidée en Abléck an d’Aarbecht vun de Mineuren.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://bit.ly/mmu_season2

    Followed eis op Instagram

    Más Menos
    51 m
  • Episod 26: Carole Lorang X Ariston
    Jun 28 2024

    Kontaktéiert eis

    No eiser Visitt vum U4 zu Uckange si mer fir eisem Episod vum Juni nees am Minett a maache Statioun zu Esch. Fir genee ze sinn, hu mer dës Kéier am Quartier Brill Plaz geholl fir eis op en Neits mat engem interessante Gaascht z’ënnerhalen.

    Am Fokus vun dësem Episod mat der Direktesch vum Escher Theater, dem Carole Lorang, stinn den Theater, d’Erausfuerderungen all Joers e Programm opzestellen, deen déi villfälteg Populatioun vum Minett an der franséischer Grenzregioun unzitt an d’Reprise vum Stéck „Leurs enfants après eux“. Dëst Wierk, dat d’Carole Lorang am Kader vun Esch2022 realiséiert hat, gëtt haut a muer nach eng Kéier opgefouert. Domat schléisst den Escher Theater dann och seng aktuell Saison of.

    Eis „Minett-Location“ vum Mount: Den Ariston zu Esch

    An de fréien 1960er Joren ass de Ciné Ariston am Quartier Brill opgaangen. E läit an direkter Noperschaft vun der Schoul an der Eglise Sacré-Coeur, déi als Art Déco Gebailechkeet ënner Denkmalschutz steet.

    Tëscht 1962 an 1986, an dunn nach eng Kéier vun 1991 bis 2016 ass den Ariston als Kino benotzt ginn. No senger definitiver Fermeture als Kino an nodeems och d’Gebai vum Ariston als nationaalt Monument klasséiert gouf, huet d’Stad Esch den Ariston kaf. Tëscht 2020 an 2022 ass d’Gebai renovéiert an de Kinossall an en Theatersall ëmgebaut ginn. Den Ariston ass haut en Deel vum Escher Theater, wou dëse seng Kannerprogrammatioun an eegen Inzenéierungen opféiert.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://bit.ly/mmu_season2

    Followed eis op Instagram

    Más Menos
    49 m
  • Episod 25: Jean Larché X Parc du Haut Fourneau U4 à Uckange
    May 31 2024

    Kontaktéiert eis

    No Ausflich an d’Saarland an och an d’Gaume si mer dëse Mount an der Lorraine.

    Den Haaptgrond ass d‘Reprise vum Theaterstéck „Leurs enfants après eux“, den nächste Mount am Escher Theater, en Theaterstéck, wat um Roman mam selwechten Numm vum franséischen Auteur Nicolas Mathieu baséiert. Et ass eng éischte Kéier am Kader vun Esch2022 opgefouert ginn a spillt am Norde vun der Lorraine zum Zäitpunkt vun de Fermeturen vun de Stolwierker an de fréien 1990er.

    Uckange, um Enn vun der „Vallée de la Fensch“ an direkt un der Musel geleeën, tëscht Diddenuewen a Metz, war laang Joren ee vun de Standuerter vun der loutrengescher Eiseproduktioun. 1991 ass d’Schmelz zu Uckange, no laangen ekonomesche Schwieregkeeten awer zougemaach ginn. Quasi direkt duerno ass ugefaange ginn déi al Schmelz ofzerappen. Eng ganz Rei Gebaier sinn esou Affer vum Bagger ginn, éier sech d‘Associatioun „Mécilor“ gegrënnt huet, déi sech aktiv fir den Erhalt vum Site agesat huet an d’Demolitiounsaarbechte stoppe konnt.

    Mam Héichuewe 4, dem U4, konnt esou ee vun den am ganze sechs Héichiewe vun der Schmelz gerett ginn.

    Eise Gaascht: Jean Larché

    De Jean Larché ass e pensionéierte Schmelzaarbechter, dee wuel ni zu Uckange selwer, duerfir awer e Beruffsliewe laang an der Schmelz vun Hayange geschafft huet. Vum Léierbouf bis zum Kader huet hien do eng komplett Carrière gemaach, déi vun Héichten an Déifte gezeechent war, op déi hien awer, zesumme mat eis, houfreg zeréckgekuckt huet.

    No sengem Aarbechtsliewen huet hien ugefaange sech fir d’Industriekultur staark ze maachen an haut ass hien de President vu Mécilor, déi sech ëm den Erhalt vum industriellen Ierwen am Norde vun der Lorraine këmmeren, Dokumenter vun an aus de Schmelze sammelen an digitaliséieren a mat hire Benevolle reegelméisseg Visiteuren iwwert de Site vum U4 zu Uckange féieren.

    Nieft dem Jean Larché hu mer eis an dësem Episod awer och nach kuerz mam Juliette Gehin iwwert de „Jardin de Transformation“ ënnerhalen. Hei gëtt, an engem Projet vun der Université de Lorraine, ënnersicht mat wéi enge Planzen de verknaschte Buedem vun enger Schmelz op eng natierlech Manéier sanéiert ka ginn. D’Juliette Gehin konnt eis e klengen Abléck an dësen – eventuell och fir de Minett – interessante wëssenschaftleche Pilotprojet ginn.

    All d'Linke zu de Sujeten aus dësem Episod fannt Dir hei.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://bit.ly/mmu_season2

    Followed eis op Instagram

    Más Menos
    47 m

Lo que los oyentes dicen sobre Minett Mash-Up: De Podcast

Calificaciones medias de los clientes

Reseñas - Selecciona las pestañas a continuación para cambiar el origen de las reseñas.